Déi 30. Editioun vum Bëschfest fënnt am Kader vun den Festivitéiten zum Weekend du bois, den 7. an 8. Oktober 2017 um Burfelt statt.
An Zesummenaarbecht mam Centre de découverte de la forêt Burfelt fannen den ganzen Weekend iwwer Atelieren fir grouss an kleng zum Thema Bësch statt.
Zu festgeluechten Zäitpunkten fannen Demonstratiounen vun den modernen Forstmaschinnen am Bësch statt. Och d’Aarbecht vum Ardennerpäerd gëtt um Terrain also direkt am Bësch gewisen. Bei den jeeweilegen Aussteller kennen d’Maschinnen, d’Material an d’Kleedung direkt selwer probéiert ginn an d’Experten stinn fir all Froen zur Verfügung. Haaptthemen op deenen verschiddenen Statiounen sinn:
- Louhecken an Energieholz
-
Modern Forstwirtschaft manuell
-
Modern Forstwirtschaft maschinell
-
Jongbestandspfleg
-
Informatisatioun an Kontroll vun eiser Natur
De Wood Cluster ass present mat engem Stand.